GRËNNER VU CUBIC CONSULTING

GUY MARONG

Nodeem ech an Europa an Asie fir Entreprisen ewéi Sony Corp geschafft hunn, sinn ech zeréck a mäin Heemechtsland Lëtzebuerg geplënnert, fir Cubic Consulting ze grënnen. Meng Erfarung am Beräich vum Informatiounssécherheetsmanangement ass ëmfangräich – vum Opbau vu Cybersécherheetsentreprisë bis hin zur Verwaltung vu groussen Organisatiounen.

Awer wat mech vun anere Cybersécherheetsexperten ënnerscheet, ass mäin ausgepräägt Verständnes vun der Entreprisëvilfalt, de Prioritéiten a Bedierfnesser – a meng Fäegkeet, en nohaltegen an ëmsetzbare Sécherheetsmanagement-System opzebauen.

SPROOCHEN
Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch
ERFARUNG
iwwer 30 Joer

FACHGEBIDDER

CISO-SERVICER

  • Cybertransformatioun
  • C-Suite-Management
  • Praktesch Entrepriseféierung-Modelléierung
  • Cyberrisikomanagement
  • Cybersécherheetsrichtlinnen-Auditten
  • Cybertraining-Schoulungen

CYBERSÉCHERHEETS-STRATEGIE

  • Schwaachstellebewäertung
  • Risiko- a Lacunebewäertung
  • Netzwierkbaséiert Scannen
  • Cloudsécherheet
  • IOT-Sécherheet
  • Cyberbelaaschtbarkeet

KRISEMANAGEMENT

  • Cyberbedruch
  • Malwareugrëff
  • Ransomwareugrëff
  • Cyberspionage
  • Hacking
  • Ugrëff op d'Liwwerketten

AKTUELL ERFARUNGSBERICHTER

De Guy ass ee vun de fachkënnegsten, leidenschaftlechste Sécherheetsexperten, mat deenen ech jee geschafft hunn. Hie war scho laang ee vu menge bevirzuchten, vertrauenswierdege Ressourcë wärend menger Karriär am Beräich Cybersécherheet. Ech schätzen d'organisatoresch technologesch Féierungsroll an d'héichwäerteg Veraarbechtung, déi hien a jiddwer Programm stécht.

ED ADAMS,
CEO, FUERSCHUNGSSTIPENDIAT FIR THE PONEMON INSTITUTE, SÉCHERHEETSINNOVATIOUN, BOSTON

Ech hu mam Guy Marong als Verkafsberoder an Architekt bei verschiddene globale Sécherheetsprojeten zesummegeschafft. Säi Engagement, säi Verständnes vun den iwwergeuerdneten Ziler, Verbindungen, Strategien a seng Fäegkeet, dat richtegt Team ze fannen, sinn erstaunlech. Dem Guy säi Verständnes vun der asiatescher, europäescher an amerikanescher Arbechtskultur sinn oniwwertraff an ech hu gesinn, datt dës Erfarung bei globale Projete ganz effektiv war. Ech géif mech freeën, u Projeten ze schaffen, un deenen de Guy bedeelegt ass.

STEEN PEDERSEN,
PRINCIPAL ARCHITECT – MCAFEE, KOPENHAGEN, DÄNEMARK

De Guy war schonn ëmmer mäi bevirzuchten Uspriechpartner fir dat deemools zimmlech onduerchsichtegt Theema Cybersécherheet an hie war eng grouss Hëllef fir Softwareentreprisen, mat deenen ech perséinlech an a menge Rolle bei INSEAD ze dinn hunn. Natierlech ass dëst Theema net méi onduerchsichteg, mee huet nëmmen e puer wierklech erfueren a saachkënneg Experten, déi d'erschreckend existenziell Risike fir ganz Entreprisen, déi duerch e Cyberugrëff entsti kënnen, erkenne kënnen. De Guy weess net nëmmen, wéi ee mat den Nowierkunge vun esou Ugrëff ëmgeet, mee virun allem, weess en déi potenziell Risiken ze erkennen a se iwwerhaapt ze entschäerfen oder ze vermeiden. Dobäi handelt et sech net nëmmen ëm e Firewallsoftwarepatch, mee ëm e vollstännegen Usaz fir d'Verwaltung vun enger Entreprise an hiren Daten als wichteg strategesch Ressource.

GORDON ANDERSON,
AUSSERORDENTLECHE PROFESSER VUN ENTREPRENEURSHIP /ENTREPRENEUR-IN-RESIDENCE INSEAD SINGAPORE, MANAGING DIRECTOR – BARBIZON FINANCE (ASIA) PTE LTD, SINGAPUR

Dem Guy seng Leidenschaft fir d'Entwécklung vun innovative Léisungen am Fäerdegungs-/OT-Beräich war fir den Ëmgang mat opkommende Risiken an dësem Beräich onerlässlech.

JOHN SCIMONE,
SVP, CHIEF SECURITY OFFICER - DELL TECHNOLOGIES, AUSTIN

Als Mentor bei ICE71, dem éischte Cybersécherheetsentrepreneurshub vun Asia Pacific, huet de Guy staark dozou bäigedroen, datt eis Start-uppen den nächsten Niveau erreeche konnten. Hie verfüügt iwwer d'schlagkräfteg Kombinatioun aus techneschem Know-how a strategeschem Geschäftssënn, esouwéi iwwer en ëmfaassend globaalt Netzwierk vu Kontakter, déi den Entreprisen, mat deenen hien zesummeschafft, en onvergläichleche Méiwäert bidden. A Kombinatioun mat sengem éierleche Feedback a senger Leidenschaft Entreprisë beim Wuesstem a bei der Skaléierung ze ënnerstëtzen, ass hien doduerch en héich ugesinnen a gefrote Beroder an ech kann hie vu ganzem Häerzen empfielen.

LINDA NGUYEN SCHINDLER,
PROGRAMME HEAD - ICE71 – ÉISCHTE CYBERSÉCHERHEETSENTREPRENEURHUB VU SINGAPUR, SINGAPUR

Ech kennen de Guy elo scho gutt iwwer e Joerzéngt. Hie war ee vun de ganz wéinegen, déi ech gesinn hunn, de béise Jongen ëmmer e Schrëtt viraus ze denken. Hien verfüügt iwwer eng immens Erfarung an der Ariichtung a Verwaltung vu Cybersécherheetsasazméiglechkeeten a verschiddene Länner vum Oste bis an de Westen an an der erfollegräicher Verwaltung vu Resultater! Seng Fäegkeet Produkter a Servicer ze identifizéieren an ze schafen, déi Cyberverteidegung an Entrepriseféierung op all Niveau vun enger Organisatioun ze erméiglechen. Hie wier en enorme Gewënn fir Entreprisen, déi hire Cybersécherheetsprogramm opbauen oder improviséiere wëllen. Säi Féierungsstil a seng Fäegkeet all Niveaue vun Acteure (Féierungskräften an ausféierend Persoune) mat senge Fäegkeeten a senger Intelligenz positiv unzespriechen, sinn eppes, dat mech ëmmer erëm erstaunt! Hien ass e Mentor oder Guru fir vill Cybersécherheetsexperten op der ganzer Welt. Mir wënschen Dir nëmmen dat Bescht Guy!

SARAVANAKUMARAN PALANIVEL,
GLOBALE LEADER AM BERÄICH DATESCHUTZ, CYBERSÉCHERHEET, RISKO-, AUSFALLSÉCHERHEETS- A KONFORMITÉITSVERWALTUNG – THRYVE DIGITAL HEALTH LLP, CHENNAI, INDIEN

Zanter ech de Guy viru 25 Joer kennegeléiert hunn, hunn ech hien als Persoun mat enger aussergewéinlecher Fäegkeet ugesinn, Projeten, Problemer, Konzepter oder Erausfuerderungen aus ville verschiddene Bléckwénkelen ze betruechten. Ech hunn dacks säit grousst visionäert Potenzial iwwer der Virstellung vu ville vu senge Mataarbechter a Virgesaten leie gesinn. Seng Asiichte an seng Léift zum Detail hu mech ëmmer ermontert, méi déif ze kucken a méi wäit ze denken. Hie war schonn ëmmer e bewonnerenswäerte Mentor, andeem hie seng ëmfaassend an déifgräifend Kenntnisser an de Beräicher Vertrib, Marketing, Finanzen, Technologie a Kommunikatioun mat Leidenschaft a Wäitsiicht gedeelt huet a mir d'Vertraue verléint huet, e Fouss an onbekannt Beräicher vun neie geschäftlechen Erausfuerderungen ze setzen.

MARKETING & GRAPHIC DESIGN – 3MAXX, DÄITSCHLAND

Et gëtt Leit mat groussaartegen Iddien a Strategien. Anerer verfügen iwwer Fachkenntnis am Geschäftsbetrib. De Guy vereent béid Eegenschaften a liwwert stänneg fir de Clientserfolleg. Et war inspiréierend mat him an de fréien Deeg vun der Internetblos ze schaffen an hien ass d'Cyber-Tech-Leeder weider eropgeklomm. Mat him ze schaffe mécht Spaass, hien ass e groussaartegen Teamplayer mat enger globaler Denkweis.

ERIKO ASAI,
PRESIDENT & CEO – GE JAPAN

AKTUELL ERFARUNGSBERICHTER

SCHWÄTZ MAM

GUY MARONG - CYBERSÉCHERHEETSGURU

Wéi kann ech Iech haut hëllefen? Klickt de Video un, fir mir d'Bedierfnesser a Bedenken am Beräich Cybersécherheet matzedeelen an ech melle mech dann bei Iech, fir Iech mat Rot an Dot zur Säit ze stoen.

ARTIKELE

Do SMEs need a CISO? How unprecedented growth in cyberattacks calls for appointing a CISO!

Cyberattacks continue to grow at an unprecedented rate, and SMEs (Small and Medium Enterprises) find themselves in a logjam of regular intrusion attempts and incidents. Given the limited resources and budgetary constraints, the most common question is, do SMEs need a CISO? With cyberattacks becomi...

Virtual Workforce and Workplace, and the role of a vCISO (Virtual CISO) in the Post-Pandemic World

Today, in the midst of a ravaging pandemic, business entities have been increasingly adopting virtual workplaces and virtual workforce solutions. Hence, enterprises globally are feeling a pressing need for hiring a virtual CISO (vCISO). Moreover, the focused efforts from a vCISO, his exp...

A guide to compare SIEM, SOAR, and XDR for SMES and SMBS from a complexity and cost perspective

When it comes to effective and efficient incident management for your business enterprise, you do not want to leave any stone unturned to keep your valuable information assets safe. This article gives you insight into the best solution for your enterprise- SIEM, SOAR, or XDR when dealing with incide...

Invest in data security now to avoid costly GDPR fines

Since the GDPR was adopted in 2018, there has been a significant increase in the size and quantity of data protection fines. Whilst the regulators have in 2020-21 been more lenient due to the financial hardship encountered by many businesses during the Coronavirus pandemic, we can expect the Data Pr...

Error: Invalid Frontmatter

Path: /home/boje2508/public_html/cubic.consulting/user/pages/03.consultants/01.guy-marong/default.lb.md

Failed to read /home/boje2508/public_html/cubic.consulting/user/pages/03.consultants/01.guy-marong/default.lb.md: Unexpected characters near "Informatiounssécherheetsmanagement ass beandrockend, vum Bau vun Cyber-Sécherheetsfirmen vun Null bis zum Gestioun vun groussen Organisatiounen.'" at line 9 (near "description: 'De Guy ass e richtege Cyber-Sécherheetsguru. Seng enorm Erfahrung ass d'Informatiounssécherheetsmanagement ass beandrockend, vum Bau vun Cyber-Sécherheetsfirmen vun Null bis zum Gestioun vun groussen Organisatiounen.'").

---
content:
    items: '@self.modular'
    order:
        by: ''
        dir: ''
title: 'Guy Marong'
seo-magic:
    title: 'Guy Marong, Grënner vun Cubic Consulting'
    description: 'De Guy ass e richtege Cyber-Sécherheetsguru. Seng enorm Erfahrung ass d'Informatiounssécherheetsmanagement ass beandrockend, vum Bau vun Cyber-Sécherheetsfirmen vun Null bis zum Gestioun vun groussen Organisatiounen.'
    images:
        type: auto
        image_name: guy.webp
media_order: guy.webp
---
FREE
2-hour FREE risk assessment