TECHNOLOGIE ASS NET DÉI EENZEG LÉISUNG FIR CYBERSÉCHERHEET – D'MËNSCHEN DROEN OCH DOZOU BÄ

Cyberkrimineller hunn et net nëmmen op technesch Schwaachstellen ofgesinn. Se verloosse sech och op mënschlecht Feelverhalen. Aus dësem Grond verbënnt Cubic Consulting Technologie mat persounenorientéierte Léisungen, fir datt Är Cybersécherheetsstrategie ganzheetlech an upassungsfäeg ass.

DE "CUBIC CONSULTING"-ËNNERSCHEED

LÉIERT DE GRËNNER, GUY MARONG, KENNEN

“Ech hunn op der ganzer Welt fir Sony Corp geschafft, opgrond vun der ënnerschiddlecher Natur vun all hire Geschäftsberäicher ass se eng vun de komplexsten Entreprisë weltwäit. Ech war an Europa a weltwäit fir d'Sécherheet zoustänneg, ech hunn d'Sécherheet fir Marketing- a Vertribsentreprisen, FaE a Produktioun optiméiert.

D'Cybersécherheetsindustrie huet sech bannent menger gutt 30-järeger Erfarung staark verännert, awer d'Industrie bleift zimmlech zersplittert.

Bis haut ass Fachwëssen aus der Praxis net ëmmer zougänglech – virun allem fir Entreprisen, déi et am meeschte brauchen. Dat ass déi dreiwend Kraaft hanner Cubic Consulting – ech wëll éischtklassesch Cybersécherheetsstrategien a ‑léisunge fir all grouss a kleng Entreprisen zougänglech maachen."

BEI EIS SI STRATEGEN A MÄNNER VUM FACH AN ENGER PERSOUN VEREENT

D'Berodungsindustrie am Beräich Cybersécherheet besteet haaptsächlech aus zwee Gruppen – Leit, déi mat héichwäertege Pläng a schicke PowerPoint-Diae schaffen, awer wéineg praktesch Erfarung hunn, an Techniker, déi iwwer e festgeluecht Arsenal u Cybersécherheetsléisunge verfügen, fir jiddwer Problem ze léisen.

Mir gehéieren zu kengem dovun.

Mir verfügen iwwer brancheféierend Erfarung am Beräich Cybersécherheet, fir praktesch an nohalteg Pläng op Är Entreprise ofzestëmmen, an iwwer Erfarung um Feld, fir de Plang och ëmzesetzen.

MIR MAACHE CYBERSÉCHERHEETSSTRATEGIE FIR ALL ENTREPRISEN ZOUGÄNGLECH

Cybersécherheetsberodung ass traditionell eppes, dat sech nëmme grouss Entreprisë leeschte kënnen. Dat passt net wierklech zu eis – KME si genee esou ufälleg fir Cyberugrëff! Dat ass eng vun den Haaptphilosophien, déi Cubic Consulting virundreiwen – mir sinn der Meenung, datt jiddwer Entreprise an der haiteger Zäit eng vernünfteg an zolidd Cybersécherheetsstrategie brauch.

Eist Expertenteam verfüügt iwwer global Erfarung am Ëmgang mat MNEen. Awer mir hunn och Erfarung doran, Cybersécherheet vum Grond op opzebauen. An domat menge mir, vun Null ewech, ouni Team, existent Verwaltungsmodeller a ‑prozesser.

EISER MEENUNG NO LÄIT D'ZUKUNFT VUN DER CYBERSÉCHERHEET AN DER ZESUMMENAARBECHT

Cybersécherheet ass immens komplex an et gëtt keng Persoun a keen Team, déi asprange kënnen, fir all Är Cybersécherheetsproblemer ze léisen. Cubic Consulting versteet, datt e ganzheetleche Plang sëlleg sech wandelend Deeler ënner een Hutt brénge muss – Äert IT-Team, Äert Sécherheetsteam, Virstandsmemberen, de Gerant … fir der nëmmen e puer ze nennen.

Mir plangen, intern Sécherheetsgespréicher nei ze gestalten a Lacunnen ze iwwerbrécken, fir datt Är Entreprise als Ganzes flexibel an op d'Bekämpfung vu Cybersécherheet ausgeriicht ass.

&nbps;
&nbps;

MIR VERTRAUEN OP CUBIC CONSULTING

MIR KËMMEREN EIS ËM ÄR CYBERSÉCHERHEETSBEDENKEN

Cybersécherheet kann e gewiichtegt Theema sinn. Iwwerloosst eis déi schwéier Laascht.